Our products



Dei schéinste Soe vu Lëtzebuerg

17.50 € TTC

ISBN : 9789995945299

"Wer A sagt, muss auch B sagen", soen se déisäit vun der Musel. Liicht ofgewandelt, kéint een och soen: No eent kënnt zwee. Hei ass en also, den 2. Band mat deene schéinste Mythossen op Lëtzebuergesch. No deene klasseschen aus dem ale Griicheland kommen déi flottste Geschichten elo vu Lëtzebuerg. Grondlag sinn déi Erzielungen, déi de Professer an Athenäumsdirekter Nikolaus Gredt am Joer 1883, also viru ganzer 134 Joer, ënnert dem Titel "Sagen des Luxemburger Landes" gesammelt an der interesséierter Ëffentlechkeet zougänglech gemaach huet. Hien huet dat op Héichdäitsch an a Frakturschrëft gemaach.

Please contact me on behalf of this book