Nos produits



Déi schéinste Mythen op Lëtzebuergesch – Band I – Griicheland

15.00 € TTC

ISBN : 9789995992453

Mythe si Geschichten aus dem Vollek fir d'Vollek. An hinnen erklären d'Mënsche sech Gott an d'Welt a maachen dat, fir sech ze ënnerhalen, awer och fir eppes ze léieren, sief et iwwert dem Mënsch seng Stäerkten a Schwächten oder iwwert d'Natur ausserhalb vum Mënsch. Si verzielen se, liesen se, lauschteren se, kucken se an da schwätzen se driwwer. Mythen hu schonn ëmmer all Konschtforme beaflosst a bilden duerfir gewëssermoossen d'Fundament vu Kultur a Wëssenschaft. An dësem Band ass eng éischt Auswiel mat deene schéinsten Erzielungen aus deem ale Griicheland. Wéi schéi wier et, wann d'Mënschen des Pärele vun der Weltliteratur weiderhi fleegen an deele géifen, sief et doheem, an der Schoul oder iwwerhaapt an der Gesellschaft.

Auteur : Jeblick Romain
Illustrateur : Genen Andy
Editeur : Editioun Friederich-Schmit

Langue : Luxembourgeois
Parution : 2016/10
Support : Livre – Hardcover – 19 x 25,5 cm
Volume : 56 pages

Me contacter au sujet de ce livre